
Eng entspriechend Gesetzespropositioun vum Sven Clement gouf lo vun der Regierung aviséiert. Et schwätzt enn der Iddi vun der Bierger-Bedeelegung hire Sënn net of, mee et ginn Dissonanzen an Onprezisioune festgestallt. An dat, well sech d'Regierung an hirem Avis freet, ob eng Bierger-Assemblée, sou wéi se zu Eupen zanter dem leschte Joer funktionéiert, konform mat der Verfassung wier.
Esou eng Assemblée, wouvunner d'benevol Participante géife per Lous designéiert ginn, géif nämlech Recommandatiounen un d'Regierung ginn, wouvunner d'Suitten da vun engem Bierger-Rot géife kontrolléiert ginn. Dat ass schwiereg, seet d'Regierung a verweist op d'Verfassung, wou d'Kontroll vun de Regierungschargen der Chamber reservéiert ass.
Iwwerhaapt fënnt et d'Regierung Bettel schwiereg, datt de Sven Clement proposéiert, datt d'Vollek-Assemblée, déi bis zu 50 Leit kéint zielen, via Gesetz reglementéiert gëtt - wann et zu esou enger participativer, permanenter Bierger-Bedeelegung sollt kommen, da kéint dëst vill méi duerch den interne Reglement vun der Chamber definéiert ginn.
Allgemeng seet d'Regierung, datt d'Gesetzespropositioun vum Sven Clement net präzis genuch ass, wat zum Beispill d'Delaien ugeet, déi musse spillen, respektiv och iwwert den Alter an d'Qualitéite vun de Leit, déi géife par hasard gezu ginn, fir an der Bierger-Versammlung ze siegéieren.
Zu Eupen kruten iwwregens eng dausend Leit vun dëser Communautéit e Bréif, datt se kéinten an d'Bierger-Assemblée kommen, 115 Persounen hu sech op d'Experiment agelooss a kréien duerfir pro Sëtzung och e Jeton vu 64 Euro.
Wéi gesot, schéngt et hei am Land nach Retizenzen ze ginn, fir esou eng Form vu fräiwëlleger demokratescher Participatioun. Op d'mannst liest Een dat aus dem Avis vun der Regierung eraus, een Text, an deem d'Ministeren och drop hiweisen, datt jo an der neier Versioun vun der Constitutioun d'Recht vun der Bierger-Initiativ wäert verankert ginn.