Koplescht - KatrewangKollisioun tëscht Streewon an Auto
RTL Lëtzebuerg
Ee Blesséierte gouf et um Dënschdeg den Owend, wéi sech tëscht Koplescht an dem Katrewang en Auto an e Streewon ze pake kruten.
Update: 08.12.2025 15:36
Den Accident war kuerz virun Hallefnuecht. Den Auto krut de Camion aus bis ewell ongekläerter Ursaach mat der Chauffersäit ze paken. D'Automobilistin gouf fir eng Kontroll an d'Spidol bruecht.