Summerschool 2020 een ErfollegKnapp 6.000 Schüler hate sech am Virfeld ageschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Méindeg ginn am Fondamentale an am Secondaire Rattrapage-Coursë fir d'Schüler an d'Schülerinnen organiséiert.
Summerschool 2020 hat vill Succès
Net manner wéi 4.830 Schüler aus de Cyclen 2, 3 a 4.1 aus dem Fondamentale hate sech am Virfeld ageschriwwen a gutt 1.100 Schüler aus dem Lycée.

D'Zil ass et, deene Jonken d’Méiglechkeet ze ginn, Retarden opzehuelen, déi et duerch d’Corona-Pandemie an de Lockdown gouf. An der Grondschoul gouf et esou Coursë wärend der Summervakanz nach net, am Secondaire awer schonn. Op béide Plazen ass den Interessi awer grouss.

Summerschool 2020 / Reportage Joël Detaille

Net manner wéi 4.830 Schüler aus de Cyclen 2, 3 a 4.1 aus dem Fondamentale hate sech am Virfeld ageschriwwen a gutt 1.100 Schüler aus dem Lycée. Bis elo waren et déi Jonk, déi an der Schoul hu mussen op villes verzichten, elo ass et un eis, fir hinnen eppes erëm ze ginn. Sou sot et de Claude Meisch bei der Presentatioun vun deene Coursen, déi zwou Woche laang daueren.

Den Educatiounsminister huet kloer gestallt: "dass et eis wichteg war, dass mer net elo de Kanner d’Gefill ginn, dass d’Schoul schonn zwou Wochen éischter ufänkt. Mä dass mer och kloer gesot hunn, besonnesch am Fondamentale, dass ee just ee Cours ka beleeën, vu maximal 2 Stonnen den Dag. Well wann dat an zwee oder dräi Fächer gewiescht wär, da wieren dat scho 4 oder 6 Stonnen den Dag gewiescht an et hätt een herno méi Schoul gehat, wéi am reguläre Schoulprogramm. An et hätt ee wierklech d’Impressioun gehat, d’Schoul hätt dëst Joer schonn den 31. August ugefaangen. D’Schüler hunn e Recht op Vakanz."

A parallel awer och e Recht op Bildung an déi koum an de leschte Méint duerch de Confinement ebe leider ze kuerz. D’Retarden opfänken, ass dat kloert Zil, an de Schüler d’Méiglechkeet bidden, hiert Wësse virun der Rentrée nees opzefrëschen. Wou gëtt et dann déi meescht Lacunnen?

De Claude Meisch: "Do gëtt et e Schwéierpunkt am Fondamentale an dat sinn d’Sproochen. Ech denken, dass dat grad och dëst Joer de Fall ass, well net all d’Elteren doheem eis Schoulsprooche gutt beherrschen, well och fir déi eng oder aner Elteren de Kontakt zu där Sprooch ofgebrach ass, wärend deene Wochen, wou keng Schoul war, wou een awer doheem war. An dass een do d‘Gefill hat, dass besonnesch eppes nozehuelen wär."

Wougéint eng Majoritéit vun de Secondaires-Schüler virun allem fir Mathé-Nohëllef elo an d’Summerschoul geet.

E Konzept iwweregens, wat de Claude Meisch gedenkt, och an Zukunft wärend der grousser Vakanz wëlle bäizebehalen.

344 Leit Personal assuréieren d’Coursen iwwregens an der Grondschoul, dorënner och eng Partie Studenten, déi op dësem Wee weider Beruffserfarung kënne sammelen.

Iwwert den Internetsite schouldoheem.lu fënnt een dann och weiderhin eng Panoplie un didakteschem Material. Eng 47.000 Dossiere goufen ewell schonns erofgelueden.

RTL-Artikel: Diskussioune lafen: Claude Meisch wëll e Freideg Detailer iwwer d'Rentrée matdeelen

Back to Top
CIM LOGO