National Bauere-VertriedungenKlimaeffizienz muss sech lounen!

Maxime Gillen
Monica Camposeo
A puncto Klimaschutz géif vill vun der Landwirtschaft erwaart ginn, ma dobäi géif hire Secteur nëmmen e Brochdeel vun den Zäregasemissiounen ausmaachen.
Baueren an de Klimaschutz / Rep. Monica Camposeo (14.11.19)
A puncto Klimaschutz géif vill vun der Landwirtschaft erwaart ginn, ma dobäi géif hire Secteur nëmmen e Brochdeel vun den Zäregasemissiounen ausmaachen.

An awer hu sech déi fënnef national Vertriedunge vun de Baueren elo zesummegedoen an hunn e Pabeier mat Propositiounen ausgeschafft, wéi si an Zukunft nach eng Schëpp kéinten zouleeën, fir méi klimafrëndlech ze schaffen. Dës Propositiounen hu si en Donneschdeg de Mëtteg fir d'éischt dem Agrarminister Romain Schneider an duerno der Press presentéiert. Derbäi waren d'Baueren-Allianz, d'Bauerenzentral, de Fräie Lëtzebuerger Bauereverband, d'Landjugend a Jongbaueren an d'Lëtzebuerger Bauerejugend.

Fir d'Fuerderungen un d'Regierung auszeschaffen, hunn déi 5 Bauerenorganisatiounen eng Analys um Terrain gemaach. Eng besser Berodung, fir d'Prozesser kënnen z'optiméieren, méi Subventioune fir d'Fuerschung an awer och fir déi Betriber, déi aktiv hir Emissiounen erofschrauwen. Dat alles wier néideg, fir eng méi ekologesch Landwirtschaft z'erreechen.

National Vertriedunge vun de Baueren

Zesummen hu si Iddien ausgeschafft, wéi si sech an Zukunft nach méi kéinte fir de Klimaschutz asetzen a wéi eng Mesuren dofir misste vun der Politik geholl ginn. Am Usaz wier d'Iddi vum Energie- a Klimapakt gutt, ma a verschiddene Beräicher misst d'Politik definitiv nobesseren. Hei war virun allem riets vun de Biogasanlagen, déi net méi genuch géife gefërdert ginn, fir dass se fir de Bauer rentabel wieren. Dobäi dierft awer net nëmmen op de Stroumpräis gekuckt ginn, ma och op d'Valeur, déi esou eng Anlag fir de Klima- an Ëmweltschutz hätt, esou d'Kritik vun de Baueren.

Ee Beispill ass dem Josy Hansen säi Betrib zu Steesel. Bei him ginn Offallstoffer, wéi Gülle, Mëscht, awer och de sougenannte "Grünschnitt" vun der Gemeng zu Biogas verschafft.

Josy Hansen:"Dee gëtt erausgeholl an a Motore verbrannt, fir Stroum ze produzéieren. Mir produzéieren hei eng 4 Millioune kw/h Stroum."

Et wier eng gutt Méiglechkeet, fir d'Offallstoffer aus der Landwirtschaft ze notzen. Ma d'Biogasanlag bréngt awer och Käschte mat sech. Fir de Josy Hansen géing sech dat lounen; ekologesch wéi och finanziell.

Josy Hansen: „Mir maachen et net nëmmen, well mer gutt gréng Jonge sinn, mir musse jo awer och eist Wuel domadder verdéngen. [...] Et hëlleft, d'Ammoniakausstéiss ze verréngeren, a mir produzéieren erneierbar Energien. Mä wéi gesot, et soll sech och rentéieren, well wann een eppes schafft, da wëll een herno och e puer Suen domadder verdéngen."

Eng méi ekologesch Landwirtschaft muss sech och finanziell lounen, soss kéim et bei Betriber, déi sech klimaeffizient Moossnamen net méi kënne leeschten, zu kontraproduktive Mesuren.

Marc Fisch:„Den Ursprong vun enger Biogasanlag ass, dass Gülle a Mëscht solle verwäert ginn. Zur Zäit gëtt dann awer versicht, och Mais oder Weess dodran ze maachen, wat awer eigentlech net de Sënn dovunner ass. An do bréichte mir da méi héich Subventiounen."

Eng aner Propositioun goung iwwert eng verbessert Notzung vun de Gréngflächen, duerch déi engersäits méi effizient kéint gefiddert an anerersäits d'Hummusbildung am Buedem kéint ënnerstëtzt ginn.

Zil si manner Zäregasemissiounen

D'Ziler vun der Regierung si kloer: Si wëll bis 2030 d'Zäregasemissiounen ëm 50 bis 55 Prozent reduzéieren, d'Energieeffizienz ëm 40 bis 44 Prozent eropsetzen an 23 bis 25 Prozent vun eisem Stroum soll aus erneierbarer Energie kommen. Alles an allem géifen zwar nëmme 6,5 Prozent vun den Zäregasemissioune vun der Landwirtschaft kommen a grad d'Véizuucht kéint och ni komplett emissiounsfräi sinn. An awer hu sech d'Bauerevertrieder Gedanke gemaach, wéi si hir Emissiounen nach weider kéinten erofschrauwen.

De Louis Boonen vum Fräie Lëtzebuerger Bauereverband:„An der Fidderung kann ee sécherlech nach eng Partie verbesseren, haaptsächlech bei der Effizienz vum Fudder, dat agesat gëtt. Doduerch, dass ee gewëssen Zorten u Grad oder gewësse Fidderungsproduite besonnesch no vir dreift, kann d'Verdaulechkeet vun eisem Fudder nach eropgesat ginn an doduerch brauch ee manner Fudder an d'Véi kann dat dann och besser ëmsetzen."

En anert Zil wier et, d'Produktivitéit vum Véi nach weider eropzesetzen, andeems se méi fréi eng éischter Kéier géife kaalwen, respektiv méi laang géife gehale ginn. Doduerch géifen et manner onproduktiv Déiere ginn. Ma och bei deem, wat um Enn vun der Verdauung erauskënnt, kéint méi effikass geschafft ginn.

Louis Boonen:„Mir wëssen, dass ee bei de Gülleausbréngungsmethode méi effizient kéint virgoen, wéi de Moment virgaange gëtt. Mir hunn eng Partie Verloschter, dat ass ganz kloer. An d'Zil muss et ganz kloer sinn, fir déi Mëscht, déi mer ausbréngen, esou no wéi méiglech un de Buedem ze kréien, fir dass net vill duerch d'Loft geet, fir dass esou mann wéi méiglech Ammoniak duerch d'Loft verflitt. An och, dass déi Mëscht, déi mer produzéieren, esou séier wéi méiglech an de Buedem kann ageschafft ginn."

Finanziell Ënnerstëtzung ass wichteg bei der Ëmsetzung

Iwwerdeems wënscht ee sech am Secteur awer eng besser Berodung bei allem, wat nei Methoden an Technologien ugeet. Och hei wieren d'Digitaliséierung an d'Fuerschung net stoe bliwwen, ma et bréicht een Ënnerstëtzung, fir dës nei Methoden an de Betrib afléissen ze loossen.

Well dës Aarbecht wier an de leschte Joren ëmmer méi komplex ginn. De Marc Fisch nennt hei d'Beispill vun der Weed, déi een entweder wuesse léisst an domat d'Biodiversitéit fërdert oder déi ee mat Zäit ofméit, fir méiglechst nahrhaft Fudder fir seng Béischten ze hunn.

Marc Fisch:„Zum Beispill wat s de vill méi Wuesstem hues, wat positiv ass, well dat vill CO2 ophëlt, also vill an de Buedem erageet. An déi aner Säit hues de beispillsweis d'Biodiversitéit oder Waasserschutz oder, oder, oder. Ech mengen, du bass op ville Bühnen an do kriss de dann eppes komplett aneschters gesot. Soudass de als Bauer dacks net méi weess, wat maachen ech elo richteg oder wéi soll ech et elo richteg maachen, fir deem gesamte Kontext nach kënnen z'entspriechen?"

Ebe fir dës schwiereg Situatioun erhoffen sech d'Bauere méi Versteesdemech a maachen och den Appell un d'Politik, dass an engem Beruff, deen an der Natur mat der Natur schafft, ze vill rigid Bestëmmunge kee Sënn maachen. Ausserdeem sollen ekologesch sënnvoll Usätz, wéi Biogasanlagen a gréisser Solarstroumanlagen op den Diech vu Scheier a Stall an Zukunft finanziell besser ënnerstëtzt ginn. An dowéinst géif et mam Budget fir den Agrarsecteur net méi duergoen, erkläert de Marc Fisch vun der Bauerenzentral.

Marc Fisch:„Well eis Agrarbudgeten u sech limitéiert sinn, deelweis och vu Bréissel aus. Dowéinst wier et och wichteg, dass een zu Lëtzebuerg och Suen aus dem Klimafong kéint kréien, fir dass déi net och nach missten aus dem Agrarfong kommen."

Wat déi weider Verhandlunge vum Energie- a Klimapakt ugeet, erhoffe sech d'Bauerevertrieder an Zukunft kënne mat um Dësch ze sëtzen, wann Decisioune geholl ginn, déi fir si deels grouss Impakter wäerten hunn.

Ma fir d'Baueren hunn d'Verhandlunge vun en Donneschdeg awer en direkten Impakt:

Josy Hansen:„Ech hoffen, dass an Zukunft méi mam Beruff geschwat gëtt. An alles, wat schif geet, dat kréie mir aus éischter Hand ze spieren. Dat heescht, mir sinn natierlech gewëllt, dass eis Natur intakt ass."

Back to Top
CIM LOGO