
An der Stad
Um 00.45 Auer gouf eng Policepatrull op eng Ausernanersetzung an der Kräizung vun der Avenue de la Gare an der Rue du fort Neipperg opmierksam. Just an deem Moment, wou d'Beamte wollten agräifen, wollt ee vun den 2 Kläpper mat enger gliesener Fläsch sengem Kontrahent op de Kapp schloen. Wéi si en doru wollten hënneren, huet hien d'Fläsch a Richtung vun de Poliziste geschoss an huet sech dervu gemaach.
De Flüchtege konnt no e puer Meter gestoppt ginn a gouf immobiliséiert. Hie koum op de Policebüro, net ouni sech hefteg ze wieren.
Eng weider Patrull gouf erbäigeruff, deen zweete Kläpper war do schonn amgaang op en onbedeelegte Foussgänger anzeschloen. Och dëse Mann gouf immobiliséiert an och hien huet sech gewiert. Et gouf protokolléiert a béid Männer, déi staark alkoholiséiert waren, koume fir eng Nuecht an Arrest.
Um 4.50 Auer si Polizisten op e Sträit tëscht e puer Persounen an der Allée Scheffer opmierksam ginn. D'Beamten hu probéiert d'Leit ze berouegen, ma ee vun hinne war därmoossen aggressiv, datt en doduerch an duerch säin alkoholiséierten Zoustand eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet. Hie konnt säi Rausch um Policebüro ausschlofen.
Zu Esch
Um 3.15 Auer hate sech an der Groussgaass e puer Leit an d'Hoer kritt, woubäi 2 Leit duerch Schierbele blesséiert goufen. Eng Persoun huet missen an d'Spidol. Kuerz drop huet d'Escher Police 3 Verdächteger, déi ze vill gedronk haten, an der Rue Boltgen erëmfonnt. Wéi si flüchte wollten, goufe si vun den Beamte festgehalen a koumen duerno op de Policebüro.
Um 4.15 Auer gouf e Mann an der Rue de Libération vun e puer Persoune gestouss a krut e Coup an d'Gesiicht. D'Police ermëttelt.
Zu Dikrech
An der Rue du Marché koum et um 2.45 Auer virun engem Café zu Handgräiflechkeeten tëscht e puer Leit. D'Fënster vun engem Buttek niewendrun ass dobäi gebrach. Ma wéi d'Police op der Plaz ukomm ass, hat sech d'Situatioun schonn nees berouegt.
Ee vun de Bedeelegten hat sech un enger Schierbel geschnidden a koum an d'Spidol. D'Police vun Dikrech ënnersicht de Virfall.
Zu Réimech
Géint 3 Auer ass der Police eng Kläpperei virun engem Café an der Rue de l'Europe gemellt ginn. D'Beamte sinn op d'Plaz gefuer an hu effektiv eng blesséiert Persoun fonnt. Fir d'Ëmstänn ze klären, gouf eng Enquête lancéiert.
An 2 Alkoholkontrollen
Op Uerder vum Parquet goufen et um Freideg den Owend Alkoholkontrollen zu Biereng an an der Fiels. 167 Automobiliste hu misste blosen. 5 mol war den Test positiv. Et gouf ee Permis agezunn.