
Eng Fra an e Mann haten e Grupp vun 3 Leit ugegraff. Ee vun den Affer ass op e Buedem gefall a gouf dobäi schwéier blesséiert, déi 2 aner Persoune goufe liicht verwonnt.
Op Uerder vum Parquet goufen déi 2 Ugräifer festgeholl an op Schraasseg bruecht. Si haten e Samschdeg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.