Et bleift bei 14 Deeg bei positive FällKeng Verkierzung vun der Längt vum Isolement zu Lëtzebuerg

Fanny Kinsch
D'Lëtzebuerger Santé plangt fir den Ament net, d’Dauer vum Isolement vu confirméierte Corona-Fäll vun aktuelle 14 Deeg ze verkierzen.

Dat äntwert de Santésdirekter Jean-Claude Schmit op eis Nofro, nodeems déi franséisch Regierung e Méindeg annoncéiert hat, Infizéierter a Kontakter nëmmen nach 7 Deeg z’isoléieren. Déi offiziell Decisioun hëlt déi franséisch Regierung awer eréischt e Freideg.

Bei Kontakter géif zu Lëtzebuerg zanter dem Deconfinement Enn Abrëll schonn nëmmen eng Quarantän vu 7 Deeg gëllen, kombinéiert mat engem Test vum 5. Dag un. De Choix fir déi méi kuerz Quarantän hätt ee geholl, fir datt se besser acceptéiert géing ginn, well d’Infektioune sech bannent 7 Deeg entwéckele géingen, a fir den Impakt op dat soziaalt an ekonomescht Liewe kleng ze halen.

Déi Argumenter géifen och elo an anere Länner dozou féieren, datt d’Quarantän vu Leit, déi Kontakt mat enger infizéierter Persoun haten, verkierzt gëtt. D’Santé géif de Leit awer recommandéieren, och déi 7 Deeg nom Enn vun der Quarantän virsiichteg ze bleiwen.

De Jean-Claude Schmit präziséiert iwwerdeems op Facebook, dass sech déi verkierzten Dauer a Frankräich just soll ënnert bestëmmte Konditiounen applizéieren. Et wier och net gewosst, ob sech dat just op d'Quarantän oder och op den Isolement géing bezéien. Och de Grand-Duché wier donieft derbäi, fir eegen Donnéeën iwwert d'Infektiounen z'analyséieren, fir ze verstoen, wéi eng Dauer elo optimal wär. Et géing ee mat Spannung op de Rapport vum franséische „comité scientifique Covid-19“ waarden, sou nach den Direkter vun der Santé.

No enger Woch manner ustiechend: Frankräich wëll Quarantän-Zäit vu 14 op 7 Deeg kierzen

Back to Top
CIM LOGO