Neit Covid-GesetzKeng formell Oppositioun vum Staatsrot

RTL Lëtzebuerg
Fir den Ethikrot soll an der zweeter Phas keng spezifesch Beruffsgruppe geimpft ginn an de Collège Médicale rechent esouguer mat nach méi Restriktiounen.

D’Zil vun der Impfcampagne wier d’Mortalitéit an d’Morbiditéit ze reduzéieren, awer och z’evitéieren, datt medezinesch Strukturen iwwerlaascht ginn. Dat schreift déi national Ethikkommissiounan hirem Avis vum 21. Januar, deen elo public ass.

Wéi d’Regierung e Méindeg annoncéiert huet, ginn op Basis vun der Recommandatioun vum Ethikrot an enger 2. Phas eeler Leit iwwer 75 Joer a besonnesch vulnerabel krank Persoune vun all Alter geimpft. Well eeler a vulnerabel Persoune besonnesch riskéiere géifen, Komplikatiounen no enger Corona-Infektioun ze kréien, hätt et e positiven Impakt op d’Situatioun an de Spideeler, besonnesch op d’Intensivstatiounen, si prioritär z’impfen, esou d‘CNE. Verschidde Beruffsgruppe wieren duerch d’Natur vun hirer Aarbecht méi am Kontakt mat anere Leit, schreift d’Ethikkomissioun weider, dorënner d’Enseignanten, d’Arméi, d’ Giischtercher oder nach d’Police. Et wier och zum Deel d’Demande do, méi séier geimpft ze ginn. Hei gëtt drop higewisen, datt dat net zum Zil géing bäidroen, d’Morbiditéit an d’Mortalitéit ze reduzéieren, grad wéi d’Belaaschtung vun de Spideeler. Vue dass eleng am Grupp 75+ a vulnerabel Leit wäit méi wéi 100.000 Persoune wieren, sollten dofir, dem Ethikrot no, an der 2. Phas keng spezifesch Beruffsgruppe geimpft ginn.

D’Ethikkommissioun schreift, et wier ze fréi, fir am Detail op eng Strategie fir déi 3. Phas anzegoen. Allerdéngs wier een der Meenung datt, mat Ausnam vum Gesondheets- a Fleegesecteur, keng spezifesch sozio-professionell Gruppe virgeholl ginn.

Iwwerdeems réit d’Kommissioun, déi ronn 800 Persoune mat enger kierperlecher oder mentaler Behënnerung zu Lëtzebuerg, déi dacks och Schwieregkeeten hunn e Mask unzedoen oder d’Gestes barrières anzehalen, nach an der 1. Phas z’impfen.

Aus Grënn vu Virsiicht a Precautioun versteet de Staatsrot, datt d'Regierung op de Wee geet, fir d'Covid-Restriktioune bis den 21. Februar ëm 3 Wochen weiderzeféieren. Sou heescht et am Avis vum Staatsrot iwwert dat neit Covid-Gesetz, dat e Freideg vun der Chamber am Cercle gestëmmt gëtt. Déi héich Kierperschaft formuléiert keng formell Oppositiounen, sou datt den Avis séier dierft e Mëttwoch viru Mëtteg an der Santés-Chamberkommissioun evakuéiert ginn.

Och de Collège Médical huet en Avis zum neien Covid-Gesetz geschriwwen a begréisst et, datt zu engem klengen Deel nees kulturell oder sportlech Aktivitéiten zougelooss goufen, wëll dës zur mentaler Gesondheet vun de Leit géifen bäidroen. De Collège Médical mécht sech keng Illusiounen, datt sech déi brittesch Mutatioun vum Virus och hei am Land ëmmer méi wäert verbreeden, sou datt déi weider Restriktiounen néideg wieren. D'Vaccinatiouns-Campagne géif nach laang Méint daueren, sou de Collège vun den Dokteren a mat enger kollektiver Immunitéit wier net virum Enn vum Joer ze rechnen.

D'Chambre des Métiers versteet an hirem Avis och d'Demarche vun der Regierung, mä freet wéinst der extrem prekärer Situatioun fir vill kleng- a mëttelstänneg Betriber, datt misst eng legal Basis geschaaft ginn, fir e Revenu de Remplacement fir d'Independanten ze schaffen. D'Chambre des Métiers proposéiert awer och an hirem Avis, datt d'staatlech Hëllef fir d'Integralitéit vun net gedeckte Käschte vu Betriber iwwert de Mount Januar och fir d'Méint Februar a Mäerz sollt spillen.

Back to Top
CIM LOGO