
Si widdersprécht domat Rumeuren, déi d'CSV-Deputéiert Martine Hansen héieren hat.
An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro heescht et, datt zanter Mëtt September an Dezember ronn 147.000 Leit op der Hotline ugeruff hätten, vun deenen hätten der nëmme ronn 2.800 net kënnen ugeholl ginn.
Doraus schléisst d'Ministesch, datt et kee Probleem gëtt tëscht der Zuel vun Agenten an der Quantitéit vun Appeller.
Vill Leit géifen awer och aner Nummeren uruffen, fir Froen iwwert de Large Scale ze stellen - dëst géif zu Frust an och Konfusioun féieren.
Deemno ass et eenzeg an eleng d'Nummer 8002- 19 19, déi d'Hotline fir de Large Scale ass.
Fir medezinesch Froen iwwert de Covid-Virus gëllt den 247-65533 - an dat och um Weekend.
Och fir d'Vaccinatiounen, déi lo ustinn, wäert och kuerzfristeg eng speziell Hotline ageriicht ginn.
