9 Blesséierter op eise StroossenKarambolage mat 4 Autoen op der A4

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass den Accident tëscht Steebrécken a Féiz, 5 Leit goufen eleng an dësem Accident blesséiert.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

Am ganze 5 Persoune goufe beim Accident, bei deem 4 Autoen involvéiert waren, blesséiert. Dat mellt den 112 e Samschdeg am Nomëtteg. Geschitt ass den Accident um kuerz no 16 Auer.

Zu engem weideren Accident koum et dann och tëscht Präiteler a Pont. Zwee Gefierer kruten sech hei ze paken. Ma wärend der Interventioun vum 112 koum et dunn zu engem weideren Accident op der selwechter Plaz. E Motocyclist war mat sengem Moto gefall. Am Ganze goufen et hei 3 Blesséierter ze bekloen.

An och op der Bretelle vum Waldhaff op der A7 a Richtung Stad Lëtzebuerg huet et geknuppt. Eng Persoun gouf blesséiert, esou den 112 an hirem Communiqué.

Back to Top
CIM LOGO