
Aus bis ewell ongekläerter Ursaach ass do e Kand vun engem Auto, dat a Richtung Mamer ënnerwee war, erfaasst a blesséiert ginn. D’Kand koum an d’Spidol.
De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf op Uerder vum Parquet geruff. D’Streck war a béid Richtunge gespaart.
Nieft de Pompjeeë vu Mamer a Kielen, war och eng Ambulanz an de Samu am Asaz.