
De Buergermeeschter hat um 20 Auer bei der Police ugeruff, fir den Abroch ze mellen. Employéen haten déi 3 Jonk erwëscht a festgehalen, vis d'Police op der Plaz war.
Well bei engem Jugendlechen Droge fonnt goufen, hunn d'Beamten de Parquet kontaktéiert, deen eng Perquisitioun ordonéiert huet. Dobäi gouf nach en Doudschléier sécher gestallt. Et gouf protokolléiert.