Invité vun der Redaktioun (18. Januar) - Georges MetzJugendlecher an der Kris: Erwuessener sollen "net nach eng Couche dropleeën"

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie war den Direkter vum SNJ eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Georges Metz
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Sinn déi jonk méi empfindlech ewéi fréier?, liest een a Commentairen op de Soziale Reseauen an op RTL.lu. Den Direkter vum Service national de la Jeunesse kann déi Aussoen net novollzéien. "All Generatioun huet hir Erausfuerderungen" an et kéint ee sech ëmgedréint froen, ewéi aner Generatioune mat den aktuelle staarke Restriktioune géingen ëmgoen, sou de Georges Metz de Méindeg de Moien hei op RTL. Senger Meenung no géingen déi Jonk aktuell vill Verantwortung weisen a sech gréisstendeels un d’Reegelen halen. Am Summer hätte Jonker och mat vill Engagement a Kreativitéit Aktivitéiten am Respekt vun de Reegelen organiséiert.

Den Direkter vum SNJ huet op der anerer Säit un déi Erwuessen appelléiert, fir hirersäits och Verantwortung ze weisen an hir Ängschten net op déi Jonk iwwerdroen. Et misst een net alles vun hinnen ewechhalen, mee evitéieren, "nach eng Couche dropzeleeën". Et wier schonn eng schwiereg Zäit fir déi Jonk, sou de Georges Metz: "De Lockdown light fir déi Erwuessen ass een haarde Lockdown fir déi Jonk". D'Kris wier ee Verstäerker vu Problemer, déi et och scho virdru gouf. Zum Beispill, datt vill Jonker nach bei den Eltere wunnen, wat dacks zu Tensioune féiert. Fir déi, déi op d'Uni ginn, wär et och wierklech mat Unterrecht via Ecran kee flotte Start an d'Unisliewen, sou den Invité.

De Service National de la Jeunesse huet eng 180 Mataarbechter a schafft am Mount mat 400-500 Jugendlecher zesummen. Am Joer hätt ee 40.000 Jonker, déi u Programmer vum SNJ géinge participéieren.

E Méindeg de Moie war den Direkter vum SNJ eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO