RTL-GroupJores-Zuelen fir 2020 fale besser aus wéi erwaart

RTL Lëtzebuerg
Den RTL-Group huet e Mëttwoch seng Jores-Zuelen fir 2020 publizéiert.
© RTL Archiv

RTL-Group huet e Mëttwoch seng Jores-Zuele fir 2020 publizéiert, an se fale besser aus wéi ugeholl.

Trotz fermen Aboussen duerch d’Publicitéit am Corona-Joer, konnte virun allem am 4ten Trimester nach gutt Zuele verbucht ginn.

Den Ëmsaz louch domadder mat ronn 6 Milliarden Euro net grad sou héich wéi erhofft.

Dat berengegt Resultat viru Steieren an Ofschreiwungen, kuerz Ebita, louch bei ronn 850 Milliounen Euro.

De Communiqué vum RTL-Group

Back to Top
CIM LOGO