Et ass jo nach Schoulvakanz. Wuel dee leschte Weekend virun der Rentrée, ma dat huet de Maacher Lycée net dovunner ofgehalen, fir e Samschdeg seng éischt grouss Botzaktioun op der Musel ze organiséieren.
Zu a ronderëm Gréiwemaacher huet een e Samschdeg vill Leit mat bloen Tute gesi ronderëm geeschteren. Si all sinn engem groussen Zil nogaangen: de Knascht um Bord vun der Musel anzesammelen.
Ronn 40 motivéiert Persoune waren zanter e Samschdeg de Moien 10 Auer op de Been. De Bléck op de Buedem geriicht, fir nëmme keen Dreck aus den Aen ze verléieren.
Tëscht Waasserbëlleg an Ohn waren déi eenzel Ekippen am Asaz. Opgedeelt a 4 Gruppen. Obwuel nach Schoulvakanz ass, hate sech trotzdeem och e puer Schüler a Schülerinnen aus dem Lycée vu Gréiwemaacher Zäit geholl, fir sech un dëser Aktioun ze bedeelegen.
Dës Botzaktioun, déi hiren Ursprong an Däitschland huet, gouf dëst Joer eng éischte Kéier op der lëtzebuergescher Säit organiséiert.
Iwwer 3 Stonne waren déi eenzel Ekippe laanscht d'Musel am Asaz an hunn äifreg Knascht agesammelt.