KonstemJonke Mann gouf vun e puer Männer iwwerfall, 2 presuméiert Täter festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend géint 21.30 Auer gouf der Police een Iwwerfall zu Konstem gemellt.

Hei gouf e jonke Mann vun direkt e puer Männer iwwerfall. Am Laf vun der Enquête gouf een Haaptverdächtegen identifizéiert. Op Uerder vum Parquet gouf eng Hausduerchsuchung beim presuméierten Täter gemaach, woubäi ee Saache vum Affer fonnt huet. Am weidere Verlaf vun der Enquête gouf een zweete Verdächtegen ermëttelt. Op Uerder vum Dikrecher Parquet koume béid presuméiert Täter op Schraasseg a koumen e Freideg virun den Untersuchungsriichter.

Zwee weider Iwwerfäll an der Stad

E Freideg géint 2 Auer an der Nuecht krut eng Persoun an der Hollerecher Strooss seng Auer vum Handgelenk a säin Handy aus der Täsch geklaut. Zwee Onbekannter haten d'Affer kuerz virdrun no enger Zigarett gefrot a Geld vun him verlaangt. Alleguerten déi Bedeelegt goufen op de Policebüro bruecht, den Haapttäter gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

Op der Place de la Gare koum et e Samschdeg de Moie zu engem weideren Iwwerfall. Eng Persoun hat 3 onbekannt Männer mat sengem Auto matgeholl. Zwee vun hinne sinn op der Place de la Gare erausgeklommen an hunn him du seng gëlle Kette vum Hals gerappt. Wéi d'Affer hinnen hannendru lafe wollt, krut de Chauffer nach seng Auer an 2 Réng geklaut. Am Laf vun der Enquête konnt de presuméierten Haaptbeschëllegten identifizéiert a gestallt ginn. Bei him goufen déi gëlle Ketten, wéi och d'Auer fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO