Wat beweegt d'Zohra dozou sech fir de Klimaschutz z'engagéieren a wéi wierkt dat sech op säi privaten Alldag aus?
Vrun e wéineg méi ewéi e Joer huet eng 16 Joer jonk Schülerin hire Kampf ugefaangen: eleng, virum schwedesche Parlament, huet et blo gemaach. Mat der Ausso: "Wann Iech meng Zukunft egal ass, dann ass se mir och elo egal". Déi jonk Klima-Aktivisten Greta Thunberg huet zanterhier, weltwäit ,Millioune jonk Leit inspiréiert sech géint de Klimawandel z'engagéieren, an ass d'Gesiicht ginn vum Kampf géint d'Äerderwiermung.
Fir d'Zohra Barthelemy, eng jonk Lëtzebuerger Klima-Aktivistin, ass d'Greta de Beweis dofir, datt och eng eenzel Persoun, ganz Grousses bewierke kann. Zesumme mat „Youth for Climate Luxembourg" engagéiert d'Zohra sech dofir, datt och zu Lëtzebuerg de Klimawandel endlech als déi Krise traitéiert gëtt, déi se ass.
Mä wat bedeit dat konkret Klima-Aktivistin ze sinn an esou engem jonken Alter? Wéi wäit geet säin Engagement fir de Klimaschutz? Wat setzt hat dofir a sengem Alldag ëm? A wou stéisst et u seng Grenzen?