ZeienopruffJoggerin am Péitrussdall iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moie ëm 8.35 Auer gouf eng Fra am Péitrussdall vun hannen attackéiert an e puer Mol an d'Gesiicht geschloen, ier si op de Buedem gefall ass.

Den Täter huet hir du mat engem Messer gedreet a wollt hiren Handy hunn. Nodeems hien den Telefon selwer aus der Jackettstäsch vun der Fra geholl huet, huet si haart ugefaange mat jäizen. Doropshin huet de Mann den Telefon leie gelooss a sech duerch d'Bascht gemaach. Si koum an d'Spidol.

Täterbeschreiwung vun der Police

Mann von weißer Hautfarbe, zirka 30 Jahre alt, 1,70 Meter groß, dunkelbraunes Haar, Brillenträger, sprach Französisch. Er war mit einer dunklen Jacke und einer grauen Wintermütze bekleidet.

All nëtzlech Informatioune si fir d'Police ënnert der Nummer 244 401 000.

Back to Top
CIM LOGO