Landrat Eifelkreis Bitburg-PrümJoachim Streit mécht sech staark fir Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Dat huet hien e Samschdeg offiziell op senger Facebook-Säit matgedeelt, wou hien och betount, dass d'Lëtzebuerger Test-Strategie richteg wier.

Weider seet hie "Merci", dass och Grenzgänger sech zu Lëtzebuerg dierfen teste loossen. Hie betount nach, dass hie sech géing asetzen, dass de Robert-Koch-Institut seng Meenung géigeniwwer dem Grand-Duché iwwerdenkt.

Géing Däitschland am nämmlechten Ausmooss testen, wieren hir Zuele och méi héich, esou nach de Joachim Streit.

Um Enn wollt hien dann nach matdeelen, dass hien a seng Fra sech e Samschdeg mat Kolleegen zu Lëtzebuerg treffen.

Back to Top
CIM LOGO