Opgepasst Scam"Jean Joseph Marie Foundation" lackelt mat Ënnerstëtzung vun Ierfgroussherzog

RTL Lëtzebuerg
Wéi den Haff an engem Communiqué matdeelt, wier den Ierfgroussherzog Guillaume net Member vun bei dëser Fondatioun.

Et stëmmt net, datt den Ierfgroussherzog Guillaume en "Charity-Iessen" ënnerstëtzt, dat am Fréijoer d'nächst Joer organiséiert gëtt.

Den Haff stellt kloer, dass zanter Wochen entspriechend Maile vun enger Fondatioun ënnert dem Numm "Jean Joseph Marie" zirkuléieren an zu deem Evenement opruffen, mä datt den Ierfgroussherzog absolut näischt heimat ze dinn hätt.

Um Site vun der Fondatioun gëtt effektiv de Numm vum Prënz Guillaume genannt, dee mat un der Wéi vun der Fondatioun gestanen hätt, déi sech anscheinend fir Flüchtlingen a 14 Länner weltwäit asetzt an duerfir Suen sammelt.

Als Post-Adress gëllt eng Boîte Postale an der Stad.

Wien hannert der ominéiser Fondatioun stécht, déi direkt op e puer Plazen, op hirem Site op d'Linke mam Prënz Guillaume opmierksam mécht, fir Donen ze sammelen, ass net gewuer ze ginn.

D'Benefice-Iessen soll iwwerdeem den 18. Abrëll an der Stad sinn, dat, wéi et heescht, mat ënner anerem Politiker, Acteuren an Modellen. Déi genee Plaz gëtt net genannt.

Den Haff warnt virun esou Sue-Sammel-Aktiounen a wäert déi entspriechend juristesch Schrëtt an d'Weeër leeden.

PDF: De Communiqué vum Haff

Back to Top
CIM LOGO