Interview am SpiegelJean-Claude Juncker sympathiséiert mat de Klimaaktivisten

RTL Lëtzebuerg
Allerdéngs kéint ee villes vun deem, wat do "sentimental" virgedroe géif, guer net an d'Realitéit ëmzesetzen.
© AFP

Dat sot den Nach-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker dem Spiegel an engem Interview iwwert seng politesch Karriär.

De Jean-Claude Juncker betount gläichzäiteg, datt déi klassesch Industrie weider hir Plaz an Europa misst fannen. Bis 2030 sollen d'CO2-Emissiounen an der EU ëm 40 Prozent par Rapport zu 1990 reduzéiert ginn.

Am Interview kuckt de Spiegel zesumme mam Lëtzebuerger och op d'Startschwieregkeete vun der Ursula Von der Leyen als Successeur vum Jean-Claude Juncker. Allerdéngs geet hien do net op Prognosen an. Hien hätt wuel ee méi liichte Start gehat, wéi d'Von der Leyen, esou de fréiere Lëtzebuerger Premier.

Back to Top
CIM LOGO