Coronavirus zu LëtzebuergIwwert de Weekend: Vun 13.342 Tester waren der 398 positiv, keen Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonnen 398 Neiinfektioune registréiert goufen.
© RTL

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele méi matdeelt.

An de leschten Deeg ass keng Persoun um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid bei 818.

Bannent de leschten 72 Stonne goufen 13.342 Tester gemaach, dovunner waren der 398 positiv. 194 nei Fäll goufen e Freideg registréiert, 195 e Samschdeg an 9 e Sonndeg. De Positivitéitstaux läit bei 2,98 %.

Den Ament sinn 3 Persounen hospitaliséiert. Op der Intensivstatioun läit dovunner aktuell eng Persoun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 824 aktiv Infektiounen. 69.787 Leit gëllen als geheelt.

350.904 Persoune krute bis ewell zu Lëtzebuerg eng éischt Corona-Impfdosis gesprëtzt. 255.405 Persoune si komplett geimpft.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 2,12. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO