Dat soten déi Gréng e Freideg de Moien op hirer Pressekonferenz zum Thema sozial Gerechtegkeet.
Fir d’Gerechtegkeet an d’Chancëgläichheet och ökologesch an generatiounsiwwergräifend fir d’Zukunft kënnen ze garantéieren, misst awer net nëmmen de Steiersystem méi gerecht opgestallt ginn, ma et misst och un d’Klimagerechtegkeet an un d’Protektioun vun den natierleche Ressourcen geduecht ginn. Dat wéilten Déi Gréng mam Aféieren vun engem CO2-Präis fir d’nächst Joer ëmsetzen.
Dee wuel gréisste Facteur fir d’Ongläichheet am Land, bleift awer wuel de Wunnmarché. Am Ufank vun der Coronavirus-Kris hätt een hei séier agegraff, zum Beispill mat der Erhéijung vun der Subvention de loyer oder duerch d’Aussetze vun den Expulsiounen. Am Beräich vum Logement misst sech awer nach vill beweegen. Mat enger Reform vun der Grondsteier soll géint Buedemspekulatioun agéiert ginn, esou d’Presidenten vun der grénger Partei d’Djuna Bernard an de Meris Sehovic.
Donieft sollt och Wunnen "ressource-schounend" sinn. Dowéinst sollten akommesschwaach Familljen ënnerstëtzt ginn, fir op méi klimafrëndlech Technologien kënnen ëmzeklammen.