Vun 2020 un"Indemnité de secrétariat" fir déi Deputéiert klëmmt massiv

Roy Grotz
Et dierft déi Deputéiert mä virun allem hir Mataarbechter arrangéieren... Dës Indemnitéit wäert nämlech ëm 2.800€ op dann 6.500€ klammen.
© RTL Archiv

Et dierft déi Deputéiert, mä vrun allem hir Mataarbechter arrangéieren: sou wéi et och am Regierungsaccord festgehale gouf, ginn nämlech vum nächste Joer un d'Indemnitéiten an d'Luucht, mat deem all Deputéierte seng Mataarbechter bezilt.

Dës "Indemnité de secrétariat" fir all Mataarbechter geet de Mount ëm 2.800 op 6.500 Euro an d'Luucht.

Dës Zomm entsprécht der Ufanks-Pai vun engem Fonctionnaire an der Carrière A1.

Dësen Amendement zum Staatsbudget 2020 gouf e Méindeg unanim an der Finanz- a Budgetskommissioun ugeholl, dat op Basis vun enger Decisioun vum Chamberbüro iwwert d'budgetär Dotatioun fir d'Parlament.

Den Ament schaffe fir déi 7 Fraktiounen a politesch Sensibilitéite 47 Mataarbechter, déi via d'"indemnités de secrétariat" bezuelt ginn. An der Praxis ginn dës Leit via e Pool bezuelt, dee vun der Chamber op Basis vun den Aarbechtskontrakter gespeist gëtt.

Do dernieft kënnen d'Fraktiounen an d'politesch Gruppen awer och nach eege Mataarbechter astellen: dës parlamentaresch Sekretäre schaffen net direkt fir d'Deputéiert a gi via e Kredit bezuelt, deen de Fraktiounen direkt fir hire Fonctionnement iwwerwise gëtt.

Back to Top
CIM LOGO