
Well nëmme ganz wéineg Persounen iwwer 55 Joer bei enger Etüd matgemaach hunn, huet déi däitsch Impfkommissioun decidéiert, den Impfstoff nëmme fir Persounen ënner 65 Joer ze benotzen. D'Ema huet dogéint eng Recommandatioun fir all déi erwuesse Persounen erausginn.
Och de Prof. Markus Ollert, Direkter vum Departement fir Infektioun an Immunologie vum LIH, geet dovunner aus, dass de Vaccin fir eeler Persoune gëeegent ass. Et kéint héchstens sinn, dass d'Effikassitéit e bësse méi niddreg ass, well eeler Leit dacks eng manner gutt Immunäntwert hunn. Zum Deel geschützt sinn, wier besser wéi guer keng Protektioun, esou de Prof. Ollert. Et kéint een awer och d'Impfstrategie upassen.
Den Ament wier et virun allem wichteg, mam Impfe virunzekommen. Duerch de Manktem un Dosisse misst een elo huelen, wat ee kréie kann. Et wier och denkbar, dass Persounen, déi elo zum Beispill den AstraZeneca-Vaccin kréien, spéider - wann et méi Disponibilitéit gëtt - mat engem méi effikasse Vaccin geimpft ginn.
Wéinst de Liwwerproblemer ass allerdéngs net gewosst, wéini de Vaccin vun AstraZeneca soll disponibel sinn.

RTL-NEWS: Ema an EU-Kommissioun gi gréng Luucht fir Impfstoff vun AstraZeneca