Ëm den Dësch souzen déi Responsabel vun de 6 Fluchhäfen aus der Groussregioun. Vum Findel iwwer Léck bis Charleroi. Vu Metz-Nanzeg iwwer Saarbrécken bis Hahn.
Eng Äntwert op d'Fro "Hu regional Fluchhäfen nach eng Zukunft?" gëtt et net just eng. Jidder Fluchhafen huet seng Specificitéit. Global stelle sech awer eng Rei Erausfuerderunge fir se all. Ass de Fliger wierklech e Klimakiller an den A vun der Politik? A wéi wäit gëtt d’EU-Kommissioun weider aktiv, fir ëffentlech Finanzéierungen ze limitéieren? Wat sinn d’Iwwerliewenschancë vu regionale Fluchgesellschaften an enger Welt vun der Aviatioun, an där déi grouss Player ëmmer méi d‘Iwwerhand kréien?
Hei zu Lëtzebuerg ass eent kloer: Politik a Wirtschaft stinn hannert dem Findel. Ma laanscht eent wäert och bei eis kee Wee féieren. D’Klimadiskussioun.
De Mars Di Bartolomeo, Member vum Conseil Parlementaire Interrégional: Wa mer der Meenung sinn, datt mer dem Klima eng Prioritéit solle ginn, da gëllt dat fir all Beräicher. Klima an alle politesche Beräicher. Soss brénge mer näischt fäerdeg.
Do si mer beim Stéchwuert "CO2-Steier".
Vill Geld, de Wuesstem fir ganz Regioune steet mat de Fluchhäfen um Spill. D'Connectivitéit gëtt als Wirtschafts-Magnéit ugesinn. E Fluchhafen, dee seng Verbindungen ëm 10 % eropsetzt, bréngt der Regioun 0,5% u Brutto-Inlandsprodukt.
Ma Fluchhäfe brauchen och Gesellschaften, déi dohi fléien. An déi brauchen déi richteg Fliger. Den Ament ass d’Tendenz awer eng aner. Déi grouss Constructeure leen d’Gewiicht op Mëttel- a Laangstrecke-Maschinnen.
Den Drock op déi regional Airlinnen ass grouss, an e wäert weider wuessen. Mam Beispill Däitschland. Iwwer déi lescht Joren huet d’Lufthansa 70% u sech gezunn. Iwwerdeems hu bannen 10 Joer 15 regional Airlinnen zougemaach.
Wéi deier ass Fléien an 20 Joer? Ginn et dann nach Kuerzstreckeflich? Iwwerliewe regional Fluchhäfen? D'Diskussioun ass lancéiert. D'Äntwerte wäert net just d'Politik, net just de Secteur oder d'Wirtschaft bréngen. An d'Zäit wäert bis dohin och net stoe bleiwen.
Kleng Fliger, fir 20 Passagéier, déi elektresch fléien. Airbus hofft a 15 bis 20 Joer prett ze sinn. Villäicht een neien Depart, fir kleng regional Fluchhäfen, no bei de Leit.