
An de Wort-Artikele stoung ze liesen, datt de Gastroenterolog Marc Berna géif laanscht de Selektiounscomité an de Verwaltungsrot op dee Poste gesat ginn. Dat hat de Spidolsgrupp ewell de leschten Donneschdeg an engem Schreiwes dementéiert, wouranner den HRS-Vizepresident Claude Seywert geschriwwen hat, datt d'Rekrutementsprozedur nach amgaang wier.
Am interne Schreiwes vun e Méindeg, dat vun der Direktioun, dem Conseil Médical an der Personaldelegatioun signéiert ass, heescht et, datt de Rekrutementsprozess nach ëmmer amgaang ass. Keng Nominatioun wier bis haut geschitt. De Prozess géif an aller Serenitéit weidergoen.
Interessant dann awer dee leschte Saz vum Schreiwes, wouranner et heescht, datt d'Accusatiounen net kéinten ouni Äntwert bleiwen. Et dierfte sech deemno nach Suitten z'erwaarde sinn.
D'Lëtzebuerger Wort hat vun enger ontransparenter Prozedur geschwat, e méi qualifizéierte Kandidat wier einfach fale gelooss ginn.
D'Hôpitaux Robert Schuman sichen en neie Generaldirekter, nodeems de Spidolsgrupp sech no der Kontrovers vun den Impfdrängler ugangs dës Joers vum Claude Schummer op deem Poste getrennt hat.