
Am September, wann d'Leit net méi am Congé sinn an nees méi Kontakter hunn, kéinten d'Zuelen erëm an d'Luucht goen: tëscht 30 a 70% vu Mëtt September un, dat seet Research Luxembourg. D'Fuerscher vun der COVID-19 Task Force hunn um Méindeg eng nei Analys publizéiert. Déi lescht 3 Woche gouf et an der Moyenne 44 Fäll den Dag. D'lescht Woch ass den effektive Reproduktiounstaux an d'Luucht gaangen a läit ronderëm 1. Och wa manner Tester gemaach ginn, bleift den Undeel vun de positiven Tester stabel bei 1%.
Elo am Summer haten d'Leit manner sozial Kontakter. Ginn déi an d'Luucht, kënnen och d'Infektioune klammen. Wéi gesot mat enger Hausse tëscht 30 a 70% wier ze rechnen a sozialen Aktivitéite am September wéi am Juni oder Juli. Deen Ament hätt een eng linear Hausse vun de Fäll oder vläicht souguer eng 3. Well vu Mëtt September un, soen d'Wëssenschaftler vun der COVID-19 Task Force.
Et wär eng fragil Situatioun. Wann d'Leit hiert d'Verhalen änneren oder méi Kontakter hunn, kéinten d'Infektioune séier klammen. Et wär dowéinst ganz wichteg, sech un d'Mesure wéi Ofstand halen, Mask undoen an Hänn wäschen ze halen. Bei den Tester soll ee matmaachen a beim Contact tracing, sou d'Fuerscher.
