
Et waren dat d'Pompjeeë vu Béiwen-Attert, Useldeng, Réiden, Tënten, Lëntgen, Jonglënster an de Pelotonschef aus dem Uelzechtdall, grad wéi de Chef de compagnie de la Zone de secours aus dem Centre. Et gouf kee blesséiert.

Feier och géint 19.30 Auer zu Stengefort, wou an der Lëtzebuerger Strooss e Gaardenhaischen a Flame stoung. Och do blouf et beim Materialschued.
Géint 00.50 Auer stoung zu Bäreldeng an der rue du Pont eng Camionnette a Brand.