Geiselaffär aus dem Dezember 2012Haaptbeschëllegt plädéieren op manner schlëmm Strof

RTL Lëtzebuerg
De Prozess um Stater Geriicht ëm eng Geiselaffär aus dem Dezember 2012, déi sech iwwer 3 Deeg erstreckt hat, ass op der leschter Ligne droite.
© AFP Archivbild

En Dënschdeg de Moie koum et zu de leschte Plädoyere vun de 4 Beschëllegten hiren Affekoten, sou dass nach just de Requisitoire vun der Vertriederin vum Parquet aussteet.
De Me Lanoue, Affekot vun deem Mann, dee sech selwer als Organisateur vun der Geiselaffär bezeechent hat, huet erkläert, deen hätt d'Responsabilitéit net op Anerer ofgewälzt. Säi Client, dee keen Engel wär, hätt och vill Saachen zouginn.

Wat d'Preparatioun vun der Geiselaffär ugeet, wär déi onkomplett gewiescht, soudass hätt missen improviséiert ginn. D'Waffe wäre falscher gewiescht an d'Vest mat Sprengstoff zum Beispill wier just eng fir fëschen ze goen. D'Opdeele vun deem, wat geklaut gouf, wär net am Viraus festgeluecht ginn, soudass et zu Diskussiounen a Sträit doriwwer komm wär. De Virworf vun der Association de malfaiteurs huet de Me Lanoue genee sou zréckgewisen, wéi aner Affekote virun him, dofir hätt et net déi néideg Struktur ginn.

Säi Mandant wär e bëssen eppes wéi de Chef gewiescht, hätt awer keng Kontroll iwwert déi aner Ugeklote gehat. Sengem Affekot no missten dem Mann ënner anerem d'Circonstances atténuantes vun den Aveuen a vum Behuele géintiwwer de Geisele guttgehale ginn, sou dass net de Maximum u Strof sollt gesprach ginn. Den Affekot vum zweeten Haaptbeschëllegten hat iwwerdeems betount, dee Mann hätt just eng kleng Roll gespillt, och an den Ae vum Me Stroesser sollt de Virworf vun der Association de malfaiteurs net zréckbehale ginn.

Viru bal 7 Joer war fir d'éischt e Mann bei sech doheem iwwerfall ginn. Déi zwee Haaptugekloten haten doropshi Bijoutieren an eng Firma bestelle gelooss. Déi hate virun allem wäertvoll Auere geklaut kritt. Déi zwee waren um Enn mat enger Geisel am Auto bis op Paräis gefuer.

Dëse Prozess dierft e Mëttwoch op en Enn kommen.

Back to Top
CIM LOGO