
Dat deit d'Grande-Duchesse Maria Teresa op alle Fall an engem Interview mat der franséischer Zeitung "Sud Ouest" un. Deemno hätt d'Koppel viru Kuerzem een Appartement mat Vue op d'Mier zu Biarritz kaf.
"Mir sinn e Méindeg geplënnert, et ass nach frësch", esou d'Maria Teresa am Interview de leschten Donneschdeg, 27. August. Et wier hir "escapade en cachette".
D'Leit wiere ganz frëndlech an authentesch. Si kéint sech een normaalt Liewen hei mat hirem Mann virstellen, sou d'Grande-Duchesse, och wa si heiansdo op der Strooss géifen erkannt ginn, wieren d'Leit diskret.
Den Ament hätt virun allem hire Mann nach vill Obligatiounen an Aarbecht zu Lëtzebuerg, ma et kéint ee sech virstellen, sech an e puer Joer hei z'installéieren.
De Grand-Duc Henri feiert am Oktober säin 20. Anniversaire um Troun. Wéini den Ierfgroussherzog Guillaume, deen dëst Joer Papp gouf, iwwerhuele wäert, ass nach net gewosst. An der Suite vum sougenannte Waringo-Rapport gëtt aktuell de Fonctionnement um groussherzoglechen Haff reforméiert.