Freideg de MoienGrouss Drogekontroll vun der Police am ëffentlechen Transport

RTL Lëtzebuerg
Tëscht 10 an 13.30 Auer hunn am ganzen 23 Beamte 7 Zich kontrolléiert, déi aus dem Süden op der Stater Gare ukoumen.

2 Drogenhënn waren och am Déngscht. E presuméierte Bodypacker, also eng Persoun, déi Drogen an hirem Kierper transportéiert, ass op Uerder vum Parquet festgeholl ginn. Bei enger medezinescher Ënnersichung goufen nämlech 25 Kugele mat Droge fonnt.

D'Muppen hu bei 11 Persoune reagéiert. Dobäi goufen 43 Gramm Cannabis fonnt. D'Leit kruten eng Plainte.

Back to Top
CIM LOGO