7 Joer drop ass den éischte Shoppingzenter zu Lëtzebuerg opgaangen, dat zu Bartreng ënnert dem Numm Belle Etoile.
De Paul Leesch war den 3. Juli 1929 als Kand vum Joseph Leesch a Marie Wiltgen, Epicieren zanter 1900 am Garer Quartier, op d'Welt komm.
Hie war mat der Schwäizerin Uschi Studer bestuet, déi awer schonn 1984 gestuerwe war. Si hate 5 Kanner: d'Danièle, de Maximilian, de Joseph, d'Denise an d'Doris.

1957 hat de Paul Leesch déi éischt Schrëtt am Commerce gemaach, mat der Ouverture vun engem Buttek zu Esch. Inspiréiert hat hie sech un de Self-Service-Commercen an den USA, spéider nach un enger Schwäizer Chaîne.
Den éischte Cactus huet dunn 1967 zu Bäreldeng seng Dieren opgemaach an domat de Wee fräigemaach fir haut 62 Verkafsstanduerter mat 4.400 Salariéeën.
2001 hat sech de Paul Leesch, no 50 Joer un der Spëtzt, aus dem deeglechen Geschäft zeréckgezunn. D'Relève hu säin eelste Fils Max Leesch an de Laurent Schonckert gemaach.