All Grupp besteet maximal aus 10 Jeeër, de Mask ass Flicht an d'Distanz tëscht den eenzele Leit muss agehale ginn. Am Éislek, méi genee zu Lellgen, war e Sonndeg eng gréisser Klappjuegd. Op enger Surface vun 110 Hektar gouf Juegd op Wëllschwäi gemaach.
E Sonndeg de Moien an aller Herrgottsfréi zu Wëlwerwolz bei der aler Kontrollstatioun: De Marc Reiter ass passionéierte Jeeër. Scho säi Papp a Grousspapp sinn op d'Juegd gaangen. Eng 45 Jeeër hunn un dëser Klappjuegd am Bësch ronderëm Lellgen deelgeholl.Och zwou Jeeërinne ware mat um Depart. Ënnert hinnen d'Nadine. Si ass nach Stagiaire an huet am Februar an am Mäerz Examen.
Bis den 31. Januar ass d'Juegd op d'Wëllschwäi mam Hond erlaabt. Ouni Mupp bis Enn Februar. Zwou Gruppe mat 8 bis 9 Kläpper waren e Sonndeg de Moien zu Lellgen am Asaz.
Scho 4 Deeg virun der Juegd gouf den Terrain opgetrëppelt. D'Jeeër goufen an 2 Linnen opgestallt. Um 10 Auer huet d'Klappjuegd dunn ugefaangen. Fir de Marc war et eng roueg Schicht. E Wëllschwäi koum nämlech keent viru seng Flënt.
Kuerz no 12 gouf d'Klappjuegd ofgeblosen an et goung nees de Bierg erof.