Greenpeace geet juristesch géint de Sozialminister Romain Schneider vir. D'Ëmweltorganisatioun wollt Ugangs August Detailer kréien, iwwert d'Investitioune vum Pensiounsfong a klimaschiedlech Entreprisen. Well awer keng Äntwert koum, ass Greenpeace op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.Dëst soll de Minister, respektiv säi Ministère, elo obligéieren, d'Informatiounen erauszeginn.D'Demande no méi Klimaschutz ass grouss. De Finanzement vun onse Pensiounen ass Greenpeace no awer net nohalteg. 19 Milliarden Euro geréiert de Pensiounsfong.2018 hätt de Fong awer en Deel dovunner a 27 vun de 50 gréisste Kuel-, Pëtrol- a Gaskonzerner investéiert.Besonnesch erschreckend ass, datt zanter 2015, wou de Paräisser Accord ënnerschriwwe gouf, d'Investissementer a Kuel ëm een Drëttel geklommen sinn. Dat ass net koherent mat nohalteger Investissementspolitik. Dat ass net koherent. Well 2017 huet sech de Fong engagéiert, en Deel an nohalteg Firmen z'investéieren. Mir wëllen datt dat mam ganze Pensiounsfong, de 19 Milliarden geschitt, seet d'Martina Holbach vu Greenpeace.Greenpeace wollt dowéinst wëssen, wéi d'Investitioune vum Pensiounsfong ugepasst ginn, fir dem Paräisser Klimaaccord gerecht ze ginn. Dee gesäit jo eng Reduktioun vun der Äerderwiermung op 1,5 Grad vir.Nieft dem Klima wieren awer och d'Pensiounen a Gefor, wann de Fong weider an klimaschiedlech Entreprisen investéiert:Finanzexperte warnen virun Klima-Finanzrisiken. Duerch Investissementer a fossil Energien entsti Risken. Vu legaler Natur oder duerch Naturkatastrophen. Déi Risiken däerfe net ënnerschat ginn, sou d'Martina Holbach weider.
Et géif genuch ëmweltfrëndlech Alternative ginn, fir ze investéieren, erneierbar Energien zum Beispill. D'Finanzindustrie hätt och genuch Kompetenzen a Saachen nohalteg Investissementer, ënnersträicht Greenpeace.