Enn November war et do am Grand-Duché scho méi komplizéiert ginn, fir den Impfstoff ze fannen. Dëst huet och fir Roserei bei esou munchem Awunner gesuergt. Knapp 12 Méint méi spéit ass d'Impfperiod nees voll am gaangen. Wou si mer dëst Joer drun? 77.500 Dose vu Vaccinen hunn hire Wee op Lëtzebuerg fonnt oder sinn nach ënnerwee. Dat sinn eng 2.500 Stéck weider ewéi nach d'lescht Joer. All Wanter si 5-20% vun der Populatioun vun der Gripp betraff. Dem Direkter vun der Santé Dr. Jean-Claude Schmit no wier d'Demande un Impfungen um klammen. Ma d'lescht Joer wier en exzeptionellt Joer gewiescht.
"D'lescht Joer hu mer exzeptionell vill geimpft. An engem normale Joer leie mer normalerweis bei 55.000-60.000. Mir missten dëst Joer awer genuch hunn.", esou den Dr. Jean-Claude Schmit.
D'Problematik vun den Enkpäss ass awer näischt Neies. Net nëmmen zu Lëtzebuerg, ma och an aneren Deeler vun Europa an doriwwer eraus kennt een de Problem, och dëst Joer.
"Dëst Joer ass anscheinend mat der Programmatioun e Retard komm. Et soll een d'Vaccinatiounen net ze fréi erausginn, soss kritt een herno déi wichtegst Antikierper vum Wanter virdrun net ze paken an da gräift e Vaccin net. Do muss d'Weltgesondheetsorganisatioun also relativ laang waarden. An duerch déi Delaie sinn och Delaien an der Produktioun. Déi Firme soen deen Ament, mir liwweren do am séiersten, wou mer de Produit am deierste verkaf kréien. An dat schéngt dann net onbedéngt Europa oder Lëtzebuerg gewiescht ze sinn.", erkläert den Alain de Bourcy, President vum Syndikat vun den Apdikter.
De grousse Problem d'lescht Joer wier de Verloscht u Fournisseure gewiescht. De Grand-Duché wier net lukrativ genuch. D'Vaccine géifen ze bëlleg zu Lëtzebuerg verkaf ginn, fir eng méi favorabel Opdeelung an dësem kompetitive Marché ze kréien. Do wären engem awer d'Hänn gebonnen, heescht et aus der Villa Louvigny.
"De Präis gëtt baséiert op d'Hierkonftsland. Dat ass och esou an eisem Gesetz geschriwwen. Do hu mir net de Choix, wéi mir de Präis kënne fixéieren. An déi meescht Vaccine kommen aus der Belsch. An an der Belsch ass de Präis net ganz héich am Verglach mat Däitschland oder anere Länner.", betount den Dr. Jean-Claude Schmit.
Et hätt een dëst Joer awer elo keng weider Problemer mat de Fournisseure gehat. D'Liwwerunge wären zwar relativ lues komm. Ma dat hätt mat der Logistik ze di gehat.