Fir mam gudde Beispill virzegoen, huet de Grand-Duc sech selwer am Zenter um Findel op de Coronavirus teste gelooss.
Well dës Tester wichteg sinn an der Lutte géint de Covid-19, wëll de Staatschef d'Bierger, ma och d'Touriste motivéieren, fir sech testen ze loossen a fir weiderhin déi sanitär Mesuren, déi a Kraaft sinn, ze respektéieren.
