Kollektivvertrag LuxairportGewerkschaften an Direktioun si sech eens ginn

RTL Lëtzebuerg
OGBL an LCGB si sech mat der Direktioun vu Luxairport an de Kollektivvertragsverhandlungen eens ginn.

En accord de principe gouf ënnerschriwwen. E neien Kollektivvertrag soll elo spéitstens am September virleien a fir 2 Joer gëllen. Hie soll retroaktiv vum 1. Januar 2019 u wierken.

De Gewerkschafte no konnten eng ganz Rei Verbesserungen ausgehandelt ginn, zum Beispill bei de Salairen, Carrièresméiglechkeeten an Aarbechtszäiten.

Bei Luxairport schaffen 309 Leit.

Back to Top
CIM LOGO