Sozialplang bei der Öhman BankGewerkschafte weise sech zefridden

RTL Lëtzebuerg
17 Salariéeë si concernéiert vum Sozialplang, deen den 31. Juli ënnerschriwwe gouf.
© RTL Archiv

Trotz den exzeptionellen Ëmstänn duerch d'Pandemie hätt een e konstruktive Sozialdialog kënne féieren, esou d'Aleba, den OGBL an den LCGB an engem gemeinsame Communiqué um Méinden.

Déi schwedesch Öhman Bank zitt sech aus Lëtzebuerg zeréck an huet en Deel vun hirem Portefeuille un d'VP Bank verkaf. Déi liechtensteinesch Bank iwwerhëlt awer nëmmen 11 vun 28 Employéeën, déi 17 aner wäerten um Enn vum Joer entlooss ginn.

Fir dës 17 Persoune wiere Begleedmesuren ausgehandelt ginn, adequat finanziell Indemnisatiounen, sou wéi och Kompensatiounen, déi u sozial Krittäre gebonne wieren, esou d'Gewerkschaften.

Gemeinsame Communiqué vun de Gewerkschaften

Back to Top
CIM LOGO