
En Dënschdeg den Owend gouf en Dealer an der Stroossbuerger Strooss op frëscher Dot erwëscht. D'Police huet eng Bull Heroin sécher gestallt. De Mann huet sech géint Beamte gewiert an huet ee vun hinnen an de Fanger gebass. De Polizist gouf liicht verwonnt.
E Mëttwoch géint 15 Auer konnt nach en Drogendealer um Boulevard J.F. Kennedy zu Esch gestallt ginn, nodeems hien enger Konsumentin Kokain verkaf huet. De Mann hat 12 Bulle vun där Drog bei sech, sou wéi Boergeld.
Och hei huet den Dealer sech géint d'Beamte gewiert an ee vun hinne krut ee Coup mam Kapp. De Polizist gouf verwonnt. Spéider koum eraus, datt de Mann schonn am Juni dëst Joer aus dem Land verwisen an zeréck an Italien expulséiert gi war.
Béid Männer goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.