Voll mam Vëlo ënnerweeGeldstrof a Fuerverbuet mat méiglechem Sursis gefrot

RTL Lëtzebuerg
Eng ugemoosse Geldstrof an e Fuerverbuet vun 8 Méint mat méiglechem Sursis. Dat huet d'Vertriederin vum Parquet um Stater Geriicht fir e jonke Mann gefrot.
© Pixabay

De Mann war am Juli alkoholiséiert mam Vëlo ënnerwee, den Ugekloten hat dee Moment 2,42 Promill Alkohol am Blutt. Fir d'Vertriederin vum Parquet war dës Affär an deem Sënn cocasse, dass d'Police u sech ënnerwee war, fir e vollen Automobilist ze sichen, fonnt hu se awer kuerz virun 1 Auer an der Nuecht e volle Vëlosfuerer.

D'Urteel ass fir den 12. Dezember.

Back to Top
CIM LOGO