
Dowéinst gouf den Tunnel a béid Richtunge gespaart. Och d'Opfaart Luerenzweiler huet musse gespaart ginn, grad ewéi den Tunnel Stafelter a Richtung Norden.
Mëttlerweil ass nees eng Spuer a Richtung Stad op. D'Opfaart Luerenzweiler bleift bis en Dënschdeg de Moie 5 Auer zou. A Richtung Fridhaff leeft de Verkéier nees normal op alle Spueren.