D'Lëtzebuerger Justiz an d’Finanzplaz ginn d’nächst Joer vum Gafi - de "finanziellen Aktiounsgrupp" - ënnert d’Lupp geholl. Enn leschter Woch gouf et eng Formatioun, e "country training". Enn Oktober bis ufanks November d’nächst Joer ass d’Ekipp vum Gafi dann hei zu Lëtzebuerg, fir d’Evaluatioun op der Plaz ze maachen.
Méi wéi 20 Leit aus verschiddene Ministèren, vun der Justiz a vun den Opsiichten, hu gekuckt, wou a Saache Blanchiment nach Risiken a Schwächte sinn. De Gafi iwwerpréift nämlech op allen Niveauen, ob Lëtzebuerg sech déi néideg Instrumenter ginn huet, mee awer och, ob se effikass sinn. Dat géing iwwert "résultats immédiats" iwwerpréift ginn, sou de Coordinateur national Anti-Blanchiment a Finanzéierung vum Terrorismus.
De Michel Turk erkläert am RTL-Interview, et géing engersäits gekuckt ginn, ob déi Professionell d’Gesetz applizéieren. Anersäits géing awer och gekuckt ginn, ob dat och kontrolléiert gëtt. An da géing och gekuckt ginn "falls sech géing erausstellen, datt verschiddener dat net mat der néideger Rigueur maachen, ob da Sanktioune geholl ginn oder net".
"Frot Mol e Kandidat zum 1ères-Examen, ob hien zouversiichtlech ass."
Wéi d’Evolutioun vun der Zuel vu Verdachtsmeldunge weist, ass d’Virsiicht méi grouss ginn. Ëmmer nees falen awer Schwächten am Lëtzebuerger System op. De Michel Turk verweist hei op d’professionnell Obligatiounen, wourënner d‘"obligation de vigilance" géing falen. Dozou gehéiert, Persounen identifizéieren, déi bénéficiaire effectif vu Gesellschafte sinn an "all Professionellen, ob Notaire, Affekot, Banquier oder wien och ëmmer huet dat ze maachen", sou de Michel Turk.
Op den anere Kritikpunkt higewisen, datt gewëss Finanzaffären, wéi beispillsweis "Cumex" oder "1MDB" juristesch net séier virukommen, äntwert de Coordinateur Anti-Blanchiment: "Dat dauert". Dat wieren Affären, déi duerch hir international Verflechtungen "extrem komplex" wieren. Eng Ursaach, wisou déi Affäre géinge laang daueren, dat wier, well een op d’Rechtshëllef aus dem Ausland ugewise wier.
Bei der leschter Evaluatioun duerch de Gafi am Joer 2010 war de Grand-Duché als "deels konform" an op spezifesche Punkte souguer "net konform" erkläert ginn. De Michel Turk wëll eng Datz wéi deemools vermeiden, well dat ganz schlecht fir d’Finanzplaz wier. Op d’Fro, ob hien zouversiichtlech ass, äntwert hien awer: "Frot Mol e Kandidat zum 1ères-Examen, ob hien zouversiichtlech ass. Et ass sou eng Fro, op déi een net esou gären äntwert".