
An enger erweiderter Fro un d'Gesondheetsministesch wollt de gréngen Deputéierten ënnert anerem wëssen, wéi et mat der Ëmsetzung vum nationalen Drogeplang ausgesäit.
Et wier e Problem, deen ëmmer méi visibel gëtt, huet de François Benoy ënnerstrach. Am Visibelste wier e wuel ronderëm den Abrigado:"Mat méi, mee dofir méi klenge Strukture kann een d'Sozial- an Drogenaarbecht och méi cibléiert de verschiddene Clientèlen upassen an déi negativ Nieweneffekter zum Beispill fir d'Noperschaft sinn esou manner héich."
4 Strukture fir Drogekranker ginn et de Moment zu Lëtzebuerg. Servicer, déi der Gesondheetsministesch Paulette Lenert no ënnert anerem dozou bäidroen Liewen ze retten:
Iwwer 2.400 Iwwerdosisse si bis haut am Abrigado geréiert ginn. An d'Zuel vun Drogendoudeger ass um nationale Plang déi lescht 15 Joer markant erofgaangen.
Donieft war et nach d'Informatioun vun der Gesondheetsministesch, datt en interministeriellen Aarbechtsgrupp lafe géing, fir en Etat de lieu ze maachen iwwert d'Drogekriminalitéit op der Gare an zu Bouneweg. D'Paulette Lenert huet ënnerstrach, datt wat d'Offer besser wier an ee méi dezentraliséiert schaffe kéint, wat een och besser un d'Leit erukéim. Mam 5. nationalen Drogenaktiounsplang wier een do awer um richtege Wee.