Cour des Comptes kontestéiertFréieren Direkter vun der Coque krut Zousazpensioun, déi hien net zegutt hat

Maxime Gillen
Et ass d'Geschicht vun engem Redakter beim Staat, deen am Joer 2001 Congé sans solde hëlt, fir als Salarié Direkter vun der Coque ze ginn...
© RTL Archiv

Huet de fréieren Direkter vun der Coque eng Zousazpensioun an Héicht vu 44.000 Euro finanzéiert kritt, obschonn hien déi net zegutt hat? Där Meenung ass op alle Fall d'Cour des Comptes, wéi si an hirem Rapport iwwert d'Etablissements publics schreift. Hannergrond ass de Wiessel vum Concernéierte vum Staatsbeamte-Status an dee vum Salarié an erëm zeréck.

Rechnungshaff / Coque - Reportage Maxim Gillen

Et ass d'Geschicht vun engem Redakter beim Staat deen am Joer 2001 Congé sans solde hëlt, fir als Salarié Direkter vun der Coque ze ginn. Salarié, well hien esou méi verdéngt, wéi als Fonctionnaire. Nodeems d'Maximaldauer vum Congé sans solde erreecht ass, decidéiert hien, erëm zeréck an d'Karriär vum Staatsbeamten ze wiesselen. Fir dass hien doduerch awer finanziell keng Abousse soll hunn, decidéiert de Verwaltungsrot vun der Coque, him d'Differenz als „Zitat“ Complément différentiel ausbezuelt. Eng Decisioun, déi deemools vum zoustännege Minister approuvéiert gouf.

Och d'Budgetskontrollkommissioun huet dëse Complément 2013 als gerechtfäerdegt ugesinn. E konsequente Salaire wier an hiren Aen ugemooss, wann een eng Charge mat esou vill Responsabilitéit, wéi déi vum Direkter vun der Coque, géif iwwerhuelen.

Souwäit esou gutt. Ma wéi de Mann an d'Pensioun gaangen ass, ass opgefall, dass d'Cotisatioune fir de d'Pensiounskeess op senger Redaktesch-Pai gerechent goufen an net op deem, wat hien tatsächlech insgesamt verdéngt huet. Fir deen Ecart auszegläichen, gouf decidéiert dem Concernéierten den Equivalent vun deem auszebezuelen, wat de Patron hätt missen an d'Pensiounskeess abezuelen, wier ee vun där ganzer Pai ausgaangen. Déi Suen, ronn 44.000 Euro sollt hien da kënnen a seng Zousazpensioun abezuelen.

A genau dat, passt dem Rechnungshaff esou net, wéi d'Presidentin vun der zoustänneger Chamberskommissioun, Diane Adehm, erkläert: „Dat ass eppes, wat scho méi laang hin an hier geet, tëschent der Coque an der Cour des comptes, a si hunn dat och an der Vergaangenheet schonn e puer Mol beanstand. Et ass elo e bësse méi Gedäisch gemaach ginn, well d'Cour des comptes elo e gewësse Moment gesot huet: Et geet elo ganz einfach duer, well et kann net sinn, dass dat dote Saache sinn, déi vun engem Member vum Verwaltungsrot senger Säit decidéiert gi sinn an net vum gesamte Verwaltungsrot. A well do einfach e Blockage besteet a well keen sech do iergendwéi weider dozou beruff fillt, fir déi Saach dann elo richteg unzegoen an ze soen: Wat geschitt dann elo mat deene Suen? Froe mer déi zeréck, froe mer se net zeréck? Loosse mer d'Saach lafen?“

D'Coque argumentéiert dogéint, dass déi méi héich Pensioun nëmmen d'Konsequenz vun där Decisioun am Joer 2009 war, fir dem Concernéierten eng méi héich Pai z'erméiglechen. Eng Decisioun, déi jo deemools vum zoustännege Minister approuvéiert gi wier.

A well d'Coque op déi zousätzlech Pai, net konnt an d'Pensiounskeess abezuelen, wier hinnen näischt anescht iwwereg bliwwen, wéi déi 44.000 Euro direkt un dee Concernéierten z'iwwerweisen, fir dass deen se da kéint a seng Zousazpensioun abezuelen.

Eng Decisioun an där Affär gëtt et deemno bis ewell nach net, ma d'Deputéiert aus der Budgetskontrollkommissioun waren a priori der Meenung, dass een sech net dat Bescht aus béide Systemer kéint erauspicken.

Back to Top
CIM LOGO