
D'Verwaltungsgeriicht huet enger Fra an hirem juristesche Sträit mat der Ëmweltministesch an 1. Instanz Recht ginn.
Den Tribunal administratif huet hire Recours nämlech als justifizéiert ugesinn an dowéinst eng Decisioun vum Carole Dieschbourg vun Abrëll zejoert annuléiert. D'Affär muss elo zréck bei d'Ministesch. D'Fra hätt awer keng Indemnité de procédure zegutt, an de Staat misst fir d'Fraisen opkommen.
D'Fra hat am September 2016 den Examen-concours gepackt, fir zum Stage an der Fonction publique zougelooss ze ginn. Am Oktober vun deem Joer hat si hir Kandidatur gestallt fir en oppenen Attachésposten am Nohaltegkeetsministère. Déi Kandidatur war am Dezember 2016 vum Minister François Bausch zréckgewise ginn. Am Februar 2017 hat d'Fra dunn hir Kandidatur gestallt fir eng oppen Attachésplaz am Ëmweltministère. Déi Kandidatur gouf am Mäerz vun deem Joer vun der Ministesch Carole Dieschbourg zréckgewisen. D'Fra hat am November 2017 e Recours gracieux géint déi zwee Refusen agereecht. Déi zwee Ministeren haten déi Recoursen allerdéngs zréckgewisen. Am Juli zejoert war d'Fra dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Deem seng 1. Riichter halen an hirem Urteel fest, dass si just mam Recours géint d'Decisioun vun der Ëmweltministesch befaasst sinn. D'Examensconcours bestéingen engem Artikel vun engem groussherzogleche Reglement vu September 2015 no aus zwee Deeler, den Épreuves générales an den Épreuves spéciales. Déi Leschtgenannt kéinten aus engem Gespréich bestoen oder aus enger „Mise en situation professionnelle“, woubäi d'Resultat vun där Épreuve spéciale entscheedend wär fir de Choix vum Kandidat. D'Fra hätt un der Partie générale vum Examen-concours deelgeholl an déi gepackt; si war domat zu den Épreuves spéciales zougelooss, ma ni zu engem Gespréich oder enger Mise en situation professionnelle invitéiert ginn, well hire Profil den Erwaardunge vum Ëmweltministère net entsprach hätt: Dobäi wär näischt anescht wéi dës zwou Méiglechkeete virgesinn! Well d'Fra net zu den obligatoreschen zweeten Épreuven invitéiert gouf an dofir net dobäi matmaache konnt, hätt d'Ministesch géint deen Artikel vum Règlement grand-ducal verstouss: Hir DEcisioun vum Abrëll zejoert wär dowéinst z'annuléieren.