
An hirem juristesche Sträit mam viregten a mam aktuelle Kulturminister huet eng Fra an 1. Instanz um Verwaltungsgeriicht Recht kritt.
Den Tribunal administratif huet hire Recours nämlech als justifizéiert ugesinn an dowéinst en Arrêté ministériel vum Januar 2019 annuléiert. Duerch dee war e Gebai um Gebitt vun der Gemeng Biekerech op den "Inventaire supplémentaire" vun den nationale Monumenter komm. De Staat muss och d'Fraise bezuelen.
Am September 2018 war d'Fra, d'Proprietärin vum Gebai an der Biekerecher Gemeng, vum Kulturminister Xavier Bettel doriwwer informéiert ginn, dass den Immeubel op den "Inventaire supplémentaire des monuments nationaux" komme sollt. D'Fra hat sech an den zwee Méint drop mat 5 Bréiwer dogéint gewiert, wougéint de Gemengerot vu Biekerech am November virzejoert dofir war. Am Januar zejoert hat d'Fra d'Kulturministesch doriwwer informéiert, dass si bei der Gemeng eng Demande agereecht hätt, fir d'Gebai ofzerappen. D'Sam Tanson hat dat den Dag drop eben duerch en Arrêté ministériel op den "Inventaire supplémentaire" vun den nationale Monumenter gesat. D'Fra war am Abrëll d'lescht Joer dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Deem seng 1. Riichter halen an hirem Urteel fest, dass Gebaier, déi genuch Interêt hunn, fir erhalen ze ginn, op den "Inventaire supplémentaire" kommen. Dofir missten awer zum Beispill d'historesch Charakteristiken evident sinn. D'Ministesch hätt awer keng prezis Donnéeën dozou virgeluecht, wéini d'Gebai gebaut gouf, just op abstrakt Manéier widderholl, dass d'Haus typesch wär fir landwirtschaftlech Bauten, a keen Element dofir presentéiert, dass et de besonnesche Stil vu Bauerenhaiser aus där Zäit hätt a schützenswäert wär. D'Gebai hätt wuel e ländleche Charakter, mä dat géif net duergoen, fir säin Erhalen ze justifizéieren. Ënnert anerem wären d'architektonesch Consideratioune sou generell, dass hir Unerkennung den Erhalt vu ganz ville Gebaier rechtfäerdege géif. D'Constate vun der Ministesch wären ongenügend, fir festzehalen, dass d'Gebai misst erhale ginn an d'Lacunnen an der Justifikatioun och net duerch eng "Visite des lieux" ze behiewen, wéi de Staat eng wollt. Den Arrêté ministériel wär dowéinst ze annuléieren.