
Wéi et am Police-Bulletin heescht, wier déi presuméiert Täterin op frëscher Dot erwëscht ginn. Beim Duerchsiche vun der Fra gouf eng gréisser Zomm Boergeld séchergestallt.
Zënter e puer Méint gouf a reegelméissegen Ofstänn Geld aus enger Keess geklaut. Et soll sech am Ganzen ëm eng fënnefstelleg Zomm dréien, déi geklaut gouf. Op Uerder vum Parquet gouf déi verdächteg Persoun festgeholl an en Donneschdeg dem Untersuchungsriichter virgefouert.
Esou eng Strofdot, déi am däitschen als "Dienstbotendiebstahl" bezeechent gëtt, gëtt an der Reegel mat enger Prisongsstrof vun tëscht 3 Méint a 5 Joer souwéi enger Geldstrof vun tëscht 251 a 5.000 Euro beluecht.