
Um Zebrasträife krut en Automobilist eng Foussgängerin ze paken. Si gouf nach op der Plaz vum Samu behandelt, gouf dunn an d'Spidol transportéiert. Leschten Informatiounen no besteet keng Liewensgefor.
Zu enger weiderer Kollisioun koum et en Dënschdeg de Moien an der Stad op der Kräizung Avenue Victor Hugo/Rue Ermesinde. Hei sinn e Vëlosfuerer an en Auto net laanschtenee komm. Am Police-Bulletin steet ze liesen, dass de Cyclist net schwéier blesséiert gouf. Éischten Erkenntnisser no gouf eng Virfaart net respektéiert.