No Accident um FreidegFoussgängerin, déi zu Monnerech vu Camion ugestouss gouf, ass gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moie koum d'Nouvelle, datt déi 91 Joer al Fra e Samschdeg am Nomëtteg un hiren uerge Blessure gestuerwen ass.
Police 2017
Police 2017
© Police 2017

An der Rue d'Esch zu Monnerech, op der Kräizung mat der Rue d'Ehlerange an der Rue de Reckange, koum et e Freideg de Moie géint 7 Auer zu engem schroen Accident. Eng Foussgängerin war op engem Zebrasträife vun engem Camion ugestouss a schwéier blesséiert ginn.

D'Fra huet missen op der Plaz éischt Hëllef kréien a gouf duerno mat enger Rei Blessuren an d'Klinick gefouert. De Camionschauffer huet missten een Drogeschnelltest maachen, deen dunn och positiv ausgefall ass. Béid Persoune goufe klinesch ënnersicht.

De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police ass vum Parquet mat enger Enquête beoptraagt ginn. Den accidentéierte Won gouf beschlagnaamt an et gouf ee Protokoll erstallt.

E Sonndeg de Moie koum d'Nouvelle, datt déi 91 Joer al Fra e Samschdeg am Nomëtteg un hiren uerge Blessure gestuerwen ass.

Back to Top
CIM LOGO